Um Méindeg huet d'Auto-Locatioun Hertz matgedeelt, dass si bis Enn 2022 ronn 100.000 Elektroautoe wäerte kafen.

Déi nei Autoe vun Tesla wäerten ufanks November um US-Marché an an ausgewielten europäesch Stied schonns verfügbar sinn. Donieft ginn dann och eng Partie nei Opluetstatiounen installéiert.

"Elektresch Autoe sinn hautdesdaags e generellen Trend a mir reagéieren op eng riseg global Ufro vun eiser Clientèle", esou den Hertz-CEO Mark Fields. Grad emol véier Wochen ass et hir, dass sech den Auto-Konzern vun der Insolvenz opgrond der Coronavirus-Pandemie erholl huet. Duerch déi weltwäit Impfungen huet och Tesla, d'Firma vum Elon Musk, seng Produktioun nees staark ugekuerbelt. Dorënner och nei Fabricken an Däitschland an am US-Bundesstaat Texas.

Zanter leschtem Joer hunn och Volkswagen an General Motors Pläng fir nei Elektroautoe bekannt ginn. D'Uerder vun den Teslae maache schlussendlech 20 Prozent vun der ganzer Flott bei Hertz aus.