Dëse Chantier vun der Tempo-30-Zone fänkt Ugangs d'nächst Joer am Agang vu Sëll un.

Sëll mat sengen knapp 500 Awunner ass dagdeeglech mam Trafic geplot: net manner wéi eng 3.700 Gefierer fueren an der Moyenne den Dag duerch d'Uertschaft, déi vun zwou Nationalstroosse gekräizt gëtt.

Et fält op, datt och ëmmer méi Camionnetten duerch Sëll op der N12 fir op Tënten transitéieren.

Am Mobilitéitsministère gëtt iwwerdeem den Ament gekuckt, mat wéi enge Mesuren een d'Duerchfaart duerch Sëll fir den Autosverkéier kann nei amenagéieren, fir esou méi Sécherheet ze schafen. Dat äntwert den zoustännege Minister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

Fir den Trafic op der N8 ze berouegen, déi vu Recken erfort duerch Sëll fiert, gëtt geplangt, op engem Stéck vun dëser Strooss nëmmen nach 30 Kilometer an der Stonn z'erlaben.