D'Fuerderung vun der Garagisten-Federatioun an och dem Groupement Pétrolier fir staatlech Hëllef bei der Installatioun vun Elektroborne gëtt Realitéit.

D'Fuerderung vun der Federatioun vun de Garagisten an och dem Groupement Pétrolier, si missten bei der Installatioun vun Elektrobornë vum Staat ënnerstëtzt ginn, gëtt wuel Realitéit. Am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien huet den Energieminister Claude Turmes annoncéiert, hien an de Wirtschaftsminister Franz Fayot géife kuerzfristeg am Regierungsrot e Pak vu 40 Milliounen Euro proposéieren, deen zum groussen Deel de Garagen, den Tankstellen, de Supermarchéen an aneren, hëllefe soll, fir eben elektresch Bornen opzeriichten.

Installatioun vun Elektro-Bornen / Reportage Pierre Jans

"Ech freeë mech driwwer, dass d'Garagisten an d'Bedreiwer vun den Tankstelle bereet sinn, fir elo an elektresch Bornen ze investéieren. Ganz kuerzfristeg wäerten den (Wirtschaftsminister) Franz Fayot an ech an der Regierung e Pak vu 40 Milliounen Euro decidéieren, deen och zum groussen Deel ass fir eben och de Garagen, den Tankstellen, de Supermarchéen an aneren ze hëllefen, fir eben och hei zu Lëtzebuerg elektresch Bornen opzeriichten."

No Ofsprooch mat de Garagisten a Pëtrolieren soll dat an Zukunft esou fonctionéieren, dass privat Operateure sech iwwer Concoursen, respektiv eenzel Commande fir Installatioune mellen, an dann ee Subsid kréien. Dat fir d'Bornen, awer och den Uschloss un de Reseau. De Claude Turmes wollt sech net festleeën, wéini dës Initiativ am Regierungsrot soll diskutéiert ginn. Op Nofro hi sot hie just: "geschwënn"".

Am nächsten Conseil soll awer schonn evaluéiert ginn, ob déi finanziell Ënnerstëtzung fir Stéit mat niddregem Akommes wéinst den héijen Energiepräisser nach duergeet. Aktuell kréien eligibel Stéit jo 200 Euro fir d'Präishausse ze kompenséieren. Wa méi Leit ënner engem Daach liewen, bis zu 400 Euro.

D'Gaspräisser géifen an Europa aktuell awer éischter nees erofgoen, esou den Energieminister Claude Turmes.

Am RTL-Interview huet hien och betount, dass d'Regierung der Kritik vun ënnert anerem der Handwierkerfederatioun an der Fedamo net nogëtt an et, wéi annoncéiert, keng staatlech Subside méi fir Hybrid-Autoe wäert ginn. D'Regierung setzt voll op Elektromobilitéit an zielt zu deene EU-Memberstaaten, déi sech dofir asetzen, dass an der EU schonn 2030 keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor dierfe verkaf ginn.

D'Fedamo bedauert, datt Hybrid-Gefierer an Zukunft net méi staatlech gefërdert ginn

Dat schreift d'Autos-Federatoun an engem Communiqué. D'Zilsetzung fir C02-Emissiounen ze reduzéieren, wier lo nach méi schwiereg ze erreechen.

D'Autosfederatioun begréisst awer eng aner Annonce vum Energieminister Claude Turmes, nämlech déi, datt eng Ënnerstëtzung fir Garagiste bei der Installatioun vun Elektroborne soll kommen.

Et gëtt awer drop opmierksam gemaach, datt déi Aiden onbedéngt retroaktiv sollten accordéiert ginn, dat heescht, fir Anlagen, déi schonn installéiert sinn.

D'Branche géing hoffen, datt dës Hëllef séier an onbürokratesch ëmgesat gëtt.