32 Staaten an eng hallef Dose Konstrukteure viséieren 2035 un, fir e Verbuet vum Verkaf vu Verbrenner ëmzesetzen. Dorënner och Lëtzebuerg.

D'Weltklima-Konferenz beschäftegt sech eng éischte Kéier mam Thema Individualverkéier. Zum radikalen Ëmschwong kënnt et awer net. Den Individual-Verkéier mécht 60% vun den Emissiounen aus, déi global um Niveau vum Transport entstinn.

Just 32 Staate ginn elo emol d'Engagement an, bis 2035 nei Immatrikulatioune vun Autoe mat Verbrennungsmotor ze verbidden. Déi ganz grouss feelen nach: China, d'USA. Net ënnerschriwwen hunn och Staaten, an deenen industriell Schwéiergewiichter aus dem Secteur doheem sinn: wéi Däitschland, Japan, Süd-Korea oder Frankräich. Natierlech spillen hei wirtschaftlech Intresse mat.

D'Lëtzebuerger Regierung huet sech scho méi laang héich Ambitiounen op de Fändel geschriwwen. Do ass d'Ënnerschrëft elo ënnert de globalen Accord mat Stéchdatum 2035 just eng logesch Etapp. National wëll ee schonn 2030, 49% vum Fuerpark op Elektresch geswitcht hunn. Op fräiwëlleger Basis.

"D'Produzente si ganz sécher bis dohi prett. Et ass Haut schonn esou, datt jee no Mark ganz vill elektresch Autoen ugebuede ginn. D'Marke fänken un, extrem an d'Elektromobilitéit z'investéieren, well se mussen hir Objektiver am CO2 reduzéieren vis-à-vis vun Europa. An elo komme mer op e Punkt, wou villäicht den Endclient net prett ass. D'Autoe sinn do. A virun allem den Haaptproblem ass d'Infrastruktur", sou d'Reaktioun vum Philippe Mersch, dem President vun der Autosfederatioun Fedamo

"2030. Dat ass an e puer Joer. " sou déi Responsabel aus dem Automobil-Secteur. Bis dann hei zu Lëtzebuerg 49% vum Fuerpark op Elektresch ze hunn, dat géif sportlech. Dat wieren eng 220.000 Autoen. Deenen hir Batterien och misste geluede ginn. An do wiere mer nach net prett.

"Mir hunn einfach net déi Capacitéiten an eise Reseauen. Mir hunn och net de Stroum op der richteger Plaz. Dat mierkt een, wann een an enger Residenz eng Borne fir en Elektroauto wëll ophänken. Dat geet haut scho bal net méi. Et muss een extra Systemer huelen, déi deier sinn. All Menage huet zwee Autoen. Dat heescht, all Menage hätt theoretesch zwee Elektroautoen. Dat heescht, do mussen och d'Hallschent vun de Parkplazen iwwerall mat Bornen ausgestatt ginn. " sou de Gerry Wagner, de Spriecher vum House of Automobile Lëtzebuerg

Et misst ee sech es bewosst sinn, datt Elektroautoen zu 85% entweeder doheem oder an der Entreprise opgeluede ginn. Déi 40 Milliounen Euro un ugekënnegten Aiden fir a Garagen, Supermarchéen, op Tankstellen, an Entreprisen weider Bornen opzeriichten, géifen net duer goen. An da misst och nach genuch Stroum op déi Borne kommen.

"D'Infrastrukturen, wou d'Regierung eigentlech muss zur Verfügung stellen, soll se och zur Verfügung stellen. Da geet dat och ganz séier weider. Dat ass fir mech d'Haapt-Brems am Developpement vun der Elektromobilitéit", sou de Gerry Wagner weider.

Ambitiounen ze hunn ass gutt, se ëmzesetzen ass en anert puer Schong.