Fir Autoen, déi scho bestallt sinn an déi dem Kaf-Kontrakt no dëst Joer hätte sollen ausgeliwwert ginn, bleift d'Primme bestoen.

Dat och, wann d’Gefier net virum 31. Dezember ugemellt ka ginn. Dee Moment sinn dës Primmen awer opgeschafft.

D'Fro stellt sech, well et jo den Ament bei villen Autoe Liwwerproblemer a grouss Retarde gëtt.

Dat si mer op Nofro hin am Ëmweltministère gewuer ginn.