Déi 20 elektresch Ween, déi aktuell bei der Police am Asaz sinn, ginn nëmme fir fest Missioune vun den administrative Servicer bei Deplacementer geholl.

Op kee Fall sinn déi aktuell Elektroautoe prett, fir de Mobilitéits-Ufuederunge vun der Police ze entspriechen. Dat äntweren déi zoustänneg gréng Ministere Bausch a Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Kartheiser, deen de Gebrauch vun E-Autoe bei der Police kritesch hannerfreet.

Zanter 2017 huet d'Police iwwerdeem och keen Tesla méi kaf, mee nëmmen nach E-Ween vun de Marke VW, Kia a Renault; dëst fir en Invest vun 900.000 Euro. Eleng déi 2 Tesla-Ween hunn eng ronn 218.000 Euro kascht.

An de verschiddene Police-Büroen iwwer Land hunn d'Beamten 23 Lued-Statiounen zur Dispositiounen, fir d'E-Police-Autoen ze lueden.

Lëtzebuerg setzt sech jo zesumme mat 8 aneren EU-Memberlänner derfir an, datt vun 2030 u keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor méi solle verkaf ginn.