Et ass wuel déi Zukunftsvisioun: ee Gefier, dat sech ganz ouni mënschlech Hëllef weider beweegt.

Wat fir vill Leit wéi ee futuristeschen Dram oder Albdram kléngt, ass elo scho Realitéit. Zanter bësse méi wéi engem Mount fiert déi autonom Navette duerch d'Uelzechtstrooss zu Esch.

Ganz eleng dierf si awer net fueren, dat ass net erlaabt. Grad an der Foussgängerzon ass et ganz dacks de Fall, dass d'Navette muss bremsen. Do brauch si zwar keng Hëllef, mee et kéinten emol Exceptioune ginn, wou dann awer ee Mënsch gebraucht gëtt, dee manuell agräift. Een dovunner ass den Emanuel Fouligny, hie schafft zanter kuerzem och als Operateur, soss ass hie Buschauffer. D'Navette huet op de Säiten a vir Sensoren, déi ganz genee d'Ëmgéigend scannen. Si erkennt, wa sech een Hindernis géif an de Wee stellen a bremst of. An deem Fall mécht si sech bemierkbar, schellt an am Noutfall huet si och eng Tut. Wann d'Hindernis dann net verschwënnt, kënnt den Operateur an d'Spill. Hie manövréiert d'Navette da manuell laanscht. Dat kéint zum Beispill de Fall sinn, wann ee Liwwerwon an der Strooss de Wee verspaart.

D'Navette selwer kéint sech do net hëllefen, hir Autonomie ass nämlech u virtuell Schinne gebonnen. Zwou Woche laang gouf déi ganz Stréck kartographéiert an déi ganz Ëmgéigend erfaasst fir, dass d'Navette elo weiderfiert.

Den Operateur ass also net onwichteg fir d'Iwwerwaachung an huet awer och eng Aart Vermëttlerroll. Vill Clienteë géife Froe stellen a sech fir d'Navette interesséieren. De Kontakt mat de Leit kann och am 21. Joerhonnert nach keen Automat ersetzen.

Et ass awer net déi éischt Navette, déi esou duerch Lëtzebuerg fiert. Dat Ganzt ass aktuell och just eng Testphas a gehéiert zum europäesche Projet Avenue a gëtt finanzéiert vum Fond Horizon 2020 vun der Europäescher Kommissioun

2018 sinn och scho Projeten am Pafendall an um Campus Contern lancéiert ginn. Déi si wärend der Pandemie awer aus verschiddene Grënn gestoppt ginn. Fir d'éischt emol waren och einfach keng Leit méi ënnerwee, op der anerer Säit sëtzt ee grad an esou klengen Navetten enk openeen. An der Stad Lëtzebuerg ass duerch ee Chantier och Plaz fir d'Navette opzelueden ewechgefall. Am Fréijoer soll et awer nees weidergoen.