Vun 2022 u kéint dat neit Gesetz gëllen, mat deem et vir Bauhäre Flicht géing ginn, elektresch Borne fir E-Autoen an hir Projeten ze integréieren.

All Joers sollen doduerch bis zu 145.000 Borne gebaut ginn, esou déi brittesch Regierung an enger Matdeelung. Ier d'Gesetz a Kraaft trëtt, muss d'Parlament allerdéngs nach säin Accord ginn. Vun der Reegelung wieren dann nei Privathaiser a Gebaier wéi zum Beispill Supermarchéen a Büroe betraff. Awer och bei gréissere Renovatioune géif d'Gesetz gräifen.

De konservative Premier Boris Johnson hat schonn ugeuerdent, datt vum Joer 2030 un a Groussbritannien keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor méi verkaf dierfe ginn. Datt domat och d'Netzwierk un alternative Luetstatioune wuesse muss, läit op der Hand. Bis ewell hätt de Staat bei der Finanzéierung vu ronn 250.000 Borne gehollef. "Dat heiten ass ee ganz entscheedende Moment", esou de Boris Johnson. "Mir mussen eis Wirtschaft un déi gréng industriell Revolutioun upassen."