De Maximalpräis fir de Liter 95er Bensinn geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 4,1 Cent erof op dann 1,485 Euro de Liter.

Eng Baisse gëtt et och beim 98er Bensinn. Hei fält de Präis ëm 4,2 Cent op dann 1,556 Euro de Liter.

Méi bëlleg gëtt och de Liter Diesel. Dëse geet ëm 2,8 Cent erof op 1,366 Euro de Liter.

Ëm 1,5 Cent gëtt de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) méi bëlleg op dann 0,767 Euro de Liter.

De Präis vum Kilo Äerdgas fält ëm 2 Cent op 0,956 Euro de Kilo.