De Maximalpräis fir de Liter 95er Bensinn geet e Samschdeg ëm 1,7 Cent erof op dann 1,468 Euro de Liter.

Méi deier gëtt dogéint de Liter Diesel. Dëse geet ëm 2,8 Cent erop op 1,394 Euro de Liter.

De Präis vum Kilo Äerdgas klëmmt ëm 2 Cent op 0,976 Euro de Kilo.

Donieft gëtt och de schwiefelfräie Masutt (10ppm) méi deier. Dëse klëmmt ëm 1,9 Cent op 0,786 Euro de Liter.