An der Chamber goufen en Dënschdeg am Kader vun enger traditioneller Orientéierungsdebatt 26 grouss Infrastrukturprojete fir d'nächst Joer diskutéiert.

Nei Infrastrukturprojeten / Reportage Fanny Kinsch

Ënnert anerem stoungen hei eng nei Europaschoul um Geesseknäppchen, nei Policegebaier zu Réiden an zu Miersch, en neien Amenagement vun der Plaz bei der Gëlle Fra a weider Vëlospisten zur Debatt.

Wéi den Transport- an Infrastrukturminister en Dënschdeg an der Chamber wësse gedoen huet, hätt hien d’lescht Woch den Avis vum Ëmweltministère fir de Contournement zu Hesper kritt. Elo géing nach op en Zousazavis vun de Ponts et chaussées gewaart ginn an da géing den Dossier an der drëtter Januar Woch bei der Gemeng deposéiert, sou de François Bausch am Kader vun enger Orientéierungsdebatt iwwert déi grouss Infrastrukturprojeten am Land. Duerno kéint dann d’ëffentlech Consultatioun ufänken.

"Mir sinn awer och amgaangen den Dossier fäerdeg ze maachen, an an der drëtter Woch Januar wäerte mer en dann deposéieren op der Gemeng an da musse mer kucke mat der Gemeng déi ëffentlech Consultatioun, déi virgesinn ass, an der Prozedur ze maachen, also dat ass um gudde Wee", sou de François Bausch.

Eng Rei Deputéiert wollten och vum Minister wëssen, wou de Projet vum neien Amenagement vun der Place de la constitution bei der Gëlle Fra dru wier. Hei géing een eng Reunioun mat der Stad Lëtzebuerg an der éischter Hallschent vum Januar ustriewen, fir ee vun de Projeten auszewielen, déi beim Concours zréckbehale goufen.

"An da wäerte mer duerno, wéi dat sech gehéiert bei sou engem Concours, eng Ausstellung maachen, all Projet virstellen, an dann natierlech och deen, deen da Laureat ass, an eventuell mat wéi enge Verännerunge mer e wëllen ëmsetzen."

Déi gréng Deputéiert Chantal Gary huet dann déi 26 Projeten als Rapportrice presentéiert an eng Motioun deposéiert, an där d'Chamber d'Regierung opfuerdert doru virun ze schaffen. Dës Motioun gouf dann och vu sechs Parteie matgedroen - just déi Lénk hu sech enthalen. Et géing ee sech virun allem un de Projeten aus dem Beräich vum Asyl stéieren, esou d'Deputéiert Myriam Cecchetti, notamment dorun, datt en neie Retentiounszenter fir Fraen a Kanner virgesi wier.

"Mir sinn eis bewosst, datt dat wäert e Fortschrëtt bedeiten zur aktueller Situatioun, wou Fraen a Kanner an de selwechte Centre de retention komme wéi d'Männer. Mä dir kennt eis Positioun dozou, déi iwweregens déi selwecht ass, wéi déi vu sämtlechen UN-Organisatiounen an deem Beräich. Kanner aspären op Basis vum Immigratiounsstatus vun den Elteren, ass fir eis ganz einfach inakzeptabel. Och wann et nëmme fir eng Woch ass. Agespaart ass agespaart an dat bedeit traumatesch Sequelle bei de Kanner", sou d'Deputéiert Myriam Cecchetti. Donieft fënnt si, datt Immigratioun keng Strofdot wier.