Et hätt ee genuch Mesuren a Sachleeschtunge en place gesat, seet den Nach-Finanzminister Pierre Gramegna.

Gëtt wéinst den aktuell héischen Spritpräisser d'Kilometerpauschal adaptéiert, sou wéi et d'CSV fuerdert?!

Nee. Dës Äntwert gëtt kloer an däitlech den Nach-Finanzminister Gramegna a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV a verweist op eng Hellewull vu Mesuren, mat deenen d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt gi wier.

Sou wier et zu enger Hausse vum Steierkredit komm, dee parallel zum Aféiere vun der C02-Steier gehéicht gouf, de Mindestloun wier ëm 100 Euro netto d'Joer eropgesat ginn an et wieren zwou Indextranchen dëst Joer erfall.

Aner Mesurë fir d'nächst Joer wieren ënner anerem d'Hausse vun der Allocation de Vie chère, d'Indexéiere vum Revis an d'Reindexéiere vum Kannergeld.

Aus all dësen Grënn, Mesuren a Sachleeschtunge gesäit de Minister Gramegna kee Grond, fir d'Kilometerpauschal unzepassen.

Dës läit aktuell bei 99 Euro pro Kilometer, woubäi de Maximum bei 2.574 Euro d'Joer läit, wat 26 Kilometer entsprécht. Dëse Steiervirdeel gëtt jo vun der Bruttopai ofgehalen.