De Maximalpräis fir de Liter 95er Bensinn geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 10,4 Cent op dann 1,364 Euro de Liter erof.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt et dann eng Baisse vu 7,7 Cent op 0,709 Euro de Liter.

An och de Diesel geet erof, ëm souguer 8,2 Cent op dann 1,312 Euro de Liter.

-5,8 Cent sinn et da beim Äerdgas, deen elo nach 0,918 Euro de Kilo kascht.