D'Tanklager vu Shell zu Bartreng hätt temporär Problemer gehat, fir Bensinn iwwert d'Bunn geliwwert ze kréien.

Dowéinst wier kuerzfristeg keen 98er Bensinn op zwou Tankstellen disponibel gewiescht. Dat confirméiert den Energieminister Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei.

Esou Rupture wieren awer näischt Aussergewéinleches. Déi national strategesch Sécherheetsreserve goufen net ugezaapt. Dat dierft just am Fall vun enger aussergewéinlecher Urgencësituatioun gemaach ginn, sou de Minister, wann d'Versuergungssécherheet vum Land a Gefor ass. Souguer wa Shell eng deementspriechend Demande gestallt hätt, wier se warscheinlech refuséiert ginn.