De Maximalpräis fir den Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,6 Cent op dann 1,338 Euro de Liter erop.

Och den Äerdgas gëtt méi deier. Hei geet de Präis ëm 1,9 Cent op dann 0,937 Euro erop.

Donieft gëtt och de schwiefelfräie Masutt (10ppm) méi deier. Dëse klëmmt ëm 2,7 Cent op 0,736 Euro de Liter.