Vum nächste Joer u sinn Diesele vun der Euro-4-Norm net méi an der belscher Haaptstad wëllkomm.

Vun där Mesure sinn zéngdausende Gefierer betraff, dorënner Autoen, Busser, Minibusser oder Camionnetten.

Éischt Sanktioune sollen eréischt 3 Méint no Aféierung vun der neier Reglementatioun gräifen. Bei deem Verbuet geet et drëm d'Feinstaub-Konzentratioun erofzekréien. Déi Gefierer ouni Partikelfilter solle fir 25% vun den Emissioune verantwortlech sinn, obwuel se just 10 bis 12% vum Fuerpark duerstellen.

Vum 1. Abrëll u muss ee mat enger Strof vun 350 Euro rechnen, wann ee mat engem Euro-4-Gefier an déi Zonen erafiert, wou se vum 1. Januar 2022 u verbuede sinn.

Et kommen 300 Kamerae vun der ANPR an den Asaz, fir d'Gefierer z'identifizéieren.

Et gëtt och d'Méiglechkeet, Ausnamsweis emol mat engem Euro-4-Gefier dierfen an d'Haaptstad ze fueren. Fir 35 Euro kann een en Dagespass kafen. Där Päss däerf ee maximal 8 pro Joer kafen.

De Ring vu Bréissel ass iwwerdeem net vum Fuerverbuet betraff, grad ewéi och d'Accèsen op d'P&Ren.