Zanter iwwer 5 Joer gëtt um Ausbau vum Parking Knuedler, deen 1978 seng Dieren opgemaach huet, an der Stad Lëtzebuerg geschafft.

Zanter Juni dëst Joer ass d'Parkhaus ënnert dem Knuedler komplett zou. Wann d'Aarbechte bis ofgeschloss sinn, ginn et hei eng 750 Parkplazen. Et ginn dann och Parkplaze fir Elektroautoen. De Knuedler gëtt awer net nëmmen ausgebaut. Den alen Deel gëtt komplett renovéiert. Ufank Januar geet een Deel vum Parkhaus nees op.

Do wou spéider Autoe parken, stoung fréier de Franziskaner Klouschter. 1226 gouf dësen um haitege Knuedler gebaut. D'Fundamenter vun dësem Gebai hu beim Ausbau vum Parking net dierften ugepaakt ginn.

Op enger Surface vun 10.000 Metercarré komme bis de Summer d'nächst Joer 350 Parkplazen dobäi. Si entstinn op 5 verschiddenen Niveauen. Seet een Extensioun a Renovatioun vum "Knuedler", heescht dat och eng fuschnei Technik, déi hei zum Asaz kënnt. An an anere Wierder e Parkleitsystem.

38 Milliounen Euro kaschten d'Ëm- an d'Ausbauaarbechte vum Parking Knuedler.