De Maximalpräis fir den Diesel geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 1,5 Cent op dann 1,353 Euro de Liter erop.

Beim 98er ass et eng Hause vun 0,2 Cent op 1,507 Euro de Liter.

Den Äerdgas klëmmt ëm 1 Cent de Kilo op 0,947 Euro de Kilo.

De Maximalpräis vum Masutt geet och nees an d'Luucht: beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) klëmmt de Präis ëm 1,3 Cent op 0,749 Euro de Liter, de schwiefelaarme Masutt (50 ppm) geet ëm 0,3 Cent erop op 0,747 Euro de Liter.