De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,9 Cent erop op dann 1,382 Euro de Liter.

De Präis fir de 95er klëmmt dann ëm 3,3 Cent op 1,475 Euro de Liter. Beim 98er ass et och eng Hausse vun 3,3 Cent. Dëse kascht dann 1,553 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 2 Cent de Kilo méi deier op dann 0,967 Euro de Kilo.

De Maximalpräis vum Masutt geet och nees an d'Luucht: beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) klëmmt de Präis ëm 3,9 Cent op 0,788 Euro de Liter, de schwiefelaarme Masutt (50 ppm) geet ëm 0,44 Cent erop op 0,791 Euro de Liter.