D‘Regierung wëll manner déi thermesch Firmeween an dofir méi déi elektresch Sociétéits-Gefierer steierlech fërderen.

Den Ament fueren eng 96.000 Gefierer op onse Stroossen, déi op Gesellschaften ugemellt sinn. Firmenautoen, fir déi den Avantage en Nature an Zukunft anescht besteiert gëtt. De Verbrennungsmotor soll, zu Gonschte vum Elektroauto aus dem Automobille-Park eraus gedréckt ginn. E Politesche Choix, deen d'Acteure vum Lëtzebuerger Automobil Secteur sauer erop stéisst.

D'Firmenautoe maache 26% vum Lëtzebuerger Fuerpark aus. Bei den Immatrikulatiounen, ass souguer een Auto vun zwee e Firmenauto. Well déi Gefierer manner laang gefuer ginn, 3 - 4 Joer, am Verglach mat 8 Joer fir e privaten Auto. Zuelen déi weisen wéi wichteg dëse Marché ass.

Changementer bei Firmeween / Reportage Pit Everling

D'Regierung wëll d‘Berechnungstabelle bis 2025 progressiv adaptéieren, sou datt iwwer deen Datum eraus just nach Elektrogefierer interessant sinn. De Mobilitéitsministere an de Finanzministère stellen d‘Detailer geschwë vir. Ma mir hu lo schonn an der Autosbranche nogefrot, wat dovu prinzipiell ze halen ass.

Firmeween sinn als Avantage en nature op der Pai ze gesinn. Am Moment ass et esou, datt de Salarié pro Mount op 1,5% vun der Valeur vum Auto (toutes taxes comprises) besteiert gëtt. Genee déi Tauxe sollen elo ugepasst ginn. D‘Zil ass kloer, Bensinner an Dieselween sollen an den nächste Jore manner an Elektrogefierer méi interessant gemaach ginn.

Mee déi Responsabel vum Lëtzebuerger Automobil Secteur warnen: D'Pläng vun der Regierung fir bei de Firmen Autoen un der Schrauf vum Avantage en Nature ze dréien, kéinten de ganze Marché destabiliséieren.

Vum Prinzip hier ass de Gerry Wagner, Porte-Parole vum House of Automobile, dobäi och d‘accord:

"Do gëtt et konkret Pläng vun der Regierung, fir no 2025 just nach elektresch Gefierer an de Societéiten ze hunn an déi aner méi ze penaliséieren. Do kann ee jo u sech net dogéint sinn a mir ënnerstëtzen et, datt méi Elektroautoen op eis Stroosse solle kommen. Mä do kommen awer puer pragmatesch Problemer op eis duer."

Eng Fro, déi sech fir de Gerry Wagner stellt: Wou a wéi lueden d‘Employéen déi Autoen? Den ëffentleche Reseau geet net duer. Et steet och net genuch Stroum-Leeschtung zur Verfügung, seet de Vertrieder aus der Autosbranche

"D'Sail ass de mannste Problem. De Problem ass fir genuch Leeschtung op déi Sail ze kréien. Dofir mussen deier Infrastrukturaarbechte gemaach ginn. Sou en Traffo kascht 100.000-150.000€."

Ënner dem Stréch misst ee realistesch bleiwen a kucken, datt ee beim Schafe vun den Infrastrukturen nokënnt. Dofir dierft déi Transitioun net ze séier geschéien.

"Da muss een och Léisungen hunn, fir ze lueden. Wann d'Leit dann op eemol soen: Wat ass dat doten dann an da weider mat hiren Diesele fueren, dann hu mer net gewonnen. Mir musse kucken, datt déi Evolutioun kontinuéierlech gëtt, an datt d'Infrastruktur mathält."

Den Avantage en nature wier haut schonn net grouss. Et bestéing de Risk, datt d‘Leit kee Firmewon méi wéilten an den Auto privat kafen, mat alle Konsequenzen, déi dat fir Wirtschaft an Ëmwelt hätt. Et misst ee bedenken, datt zu Lëtzebuerg méi wéi d‘Hallschent vun de verkaafte Neiween Firmegefierer sinn. Vill Frontalieren hunn och sou en Auto. Wa se deen net méi hunn, kafe se da vläicht en thermesche Privatauto an dat eventuell an hirem Heemechtsland, si ënnerhalen deen do a bezuelen och do d‘Assurance an d‘Steieren, sou nach de Gerry Wagner.

Et hätt een de politesch Responsabelen déi Iwwerleeunge mat den Zuelen duer geluecht. Mat " sou schlëmm wäert dat net ginn. .. Dat reegelt sech schonn iergend wéi " géif ee kéng Problemer léisen. Hei wier d'Politik gefuerdert. Fir dat déi, déi de Schratt eriwwer bei den Elektroauto woen, d'Bengelen net frustréiert bei d'Tromm geheien.