Laanscht den CR306 tëscht Biissen a Viichten gouf rezent eng Kamera installéiert. Dat confirméiert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch.

Dëst als Äntwert op eng parlamentaresch Fro an där den DP-Nord-Deputéierten André Bauler Detailer wësse wollt.

Am Aarbechtsgrupp fir Verkéierssécherheet wier constatéiert ginn, datt et op der genannter Streck rezent vill Accidenter goufen. Dës Kamera géing als ultimë Moyen gesi ginn, fir Analysen ze maachen, wann et Probleemer mat der Zirkulatioun oder der Verkéierssécherheet op där Streck gëtt.
Dës Kamera wier am Aklang mat allen Dateschutz-Reegelen, präziséiert de Minister nach.