De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,7 Cent erop op dann 1,409 Euro de Liter.

Och den Äerdgas gëtt ëm 1,9 Cent de Kilo méi deier op dann 0,986 Euro de Kilo.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Hausse vun 2,8 Cent op 0,816, beim schwiefelaarme Masutt (50 ppm) sinn et 2,7 Cent méi op dann 0,818 Euro.