D'Zuel vu verkaaften Autoen ass am Verglach zu 2020 zejoert ëm 4,4 Prozent op ronn 20 Millioune geklommen.

2018 an 2019 goufe manner Neiween a China verkaf. 2020 huet d'Automobilindustrie wéinst der Corona-Kris massiv gelidden. Zejoert sinn d'Zuelen dunn nees an d'Luucht gaangen.

D'Demande no Elektro-Gefierer ass weiderhi grouss a China. Als Zil huet sech d'Volleksrepublik gesat, datt bis 2035 d'Majoritéit elektresch fiert. Bal 3 Millioune reng E-Autoen, Hybriden a Waasserstoff-Gefierer hunn d'Hiersteller lescht Joer verkaf. Dat sinn der ronn dräi Mol sou vill wéi nach virzejoert. CPCA-Héichrechnungen no sollen et der 2022 esouguer 5,5 Millioune ginn.

A China bidden nieft dem US-Hiersteller Tesla an aneren auslännesche Konzerner och chineesesch Automobilkonstrukteure reng elektresch Autoen un, dorënner BYD, Nio a XPeng. De Kaf vun esou Gefierer gëtt vum Staat subventionéiert. D'Hëllefe sollen awer, wéi et vun der Regierung heescht, Enn dës Joers auslafen.