De Pëtrolspräis zitt weider un, an doduerch och de Risk, dass de Bensin an den Diesel nees an noer Zukunft méi deier ginn.

De Präis vun der Pëtrol-Nordséizort Brent, déi fir eis d'Referenz ass, gouf um asiatesche Marché fir 86,8 US-Dollar pro "Barrel" gehandelt. Dat ass deen héchste Wäert zanter méi wéi 7 Joer.

Analyste gesinn engersäits déi héich Demande als Ursaach vun der Präis-Hausse, well sech gewisen huet, dass Omikron e manner groussen Effekt op d'Wirtschaft huet wéi ufanks erwaart. Verbonne mat der Suerg iwwert Geo-politesch Tensiounen, dreift dat d'Präisser no uewen.

Donieft gouf et rezent e puer Attentater op Pëtrols-Tanken zu Abu Dhabi, wou duerch d'Suerg iwwert Uelegreserven an der Golfregioun gewuess ass.