En Dënschdeg huet de Chantier op der Diddelenger A3 ugefaangen. Dës soll op béide Säiten eng 3. Spuer bäikréien.

Ma bis dëse Chantier awer fäerdeg ass, wäert een d'Automobilisten nach déi eng oder aner Kéier vill Nerven am Stau kaschten.

Ausbau A3 / Reportage Sabrina Backes

D'Autobunn A3, déi d’Stad Lëtzebuerg mat der franséischer Grenz verbënnt, kritt a béiden Direktiounen eng Spuer bäi. An enger éischter Phas ginn elo emol Virbereedungs- an Ofholzungsaarbechten ugefaangen, dëst un der Streck tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem. Eng véier Woche wäerten déi Aarbechten daueren.

Well eng ganz Partie Beem musse gehae ginn, muss opgepasst ginn, net ze vill der Natur ze schueden. Hei ginn da verschidde Kompensatiounsmesurë geholl, dozou den Direkter vun der Administration des ponts et chaussées Roland Fox: "Duerno fänke mer dee grousse Projet u mat enger Mesure compensatoire. Bei der franséischer Grenz maache mer ee Passage à gibier, wou mer dovun ausginn, dass dat am Fréijoer kann ugoen."

Gréisser Aschränkungen am Verkéier sollen et elo dowéinst nach net ginn. Aus Sécherheetsgrënn muss awer plazeweis d'Pannespuer gespaart ginn. Mee och generell wéilt ee kucken, de Verkéier net ze vill anzeschränken.

„Et gëtt elo zum Beispill am Fréijoer gekuckt, dass mer d’Ofrappe vun enger Bréck, dass mer dat koppele mat Aarbechte vun den CFL, wou dann och en Afloss op d’Autobunn hunn. Do wëlle mer dann all déi Aktioune bündelen an dass mer do och geziilt Aktiounen hu wärend Weekender an net den Trafic dann iwwerméisseg wäerte beaflossen."

Zil vum Ausbau vun der A3 ass et natierlech längerfristeg de Stau ze reduzéieren. Fir dësen ze ëmgoen, notzen och ëmmer méi Leit d’Niewestroossen, déi duerch d’Gemenge Beetebuerg, Fréiseng a Réiser ginn.

Konsequenz ass och hei da voll Uertschaften. D'Buergermeeschtere vun de betraffene Gemenge si skeptesch, dass sech d'Situatioun mat der fäerdeger Autobunn verbessere kéint.

Dozou de Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser Tom Jungen: "Ech muss awer soen, datt mir relativ mësstrauesch do sinn. Et wäert doudsécher zu enger Verbesserung vun enger Rei Geforepunkte kommen. Déi Situatioun op der Aire de Berchem, wou een haut vu véier Spuere quasi op zwou zréckgeet, do wäert dat sécherlech eng Verbesserung bréngen. Mee awer de Fait, dass eng Fuerspuer bäikënnt, sou vill Changement bréngt. Ech wéilt kënnen dru gleewen, sinn awer mësstrauesch."

Den Tom Jungen gleeft do éischter un eng Verbesserung vun der Verkéierslag duerch e bessert Schinnenetz. Hei ass jo den Ausbau vun der Beetebuerger Zuchstreck ewéi och d’Vergréisserung vun der Stater Gare geplangt.

Bis dass sech d’Situatioun op der Autobunn A3 erëm wäert berouegen, misst een awer nach Gedold hunn. De Projet soll nämlech eréischt fréistens am Joer 2027 ofgeschloss sinn, sou nach de Roland Fox.