De Maximalpräis fir den Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 3,1 Cent op dann 1,440 Euro de Liter erop.

Donieft klëmmt och den Äerdgas ëm 2,2 Cent de Kilo op dann 1,008 Euro de Kilo.

Méi deier gëtt och de schwiefelfräie Masutt (10ppm). Hei klëmmt de Präis ëm ganzer 5 Cent de Liter op 0,866 Euro de Liter.