70 Stonnen Testflich waren néideg, fir déi héich Ufuerderunge fir déi wichteg Lizenz CS-23 vun der EASA ze erfëllen.

Bei iwwer 200 Departen a Landungen huet den AirCar seng Zouverlässegkeet ënner Beweis gestallt. Maximal flitt d'Gefier  2.500 Meter héich. De Propeller-Auto gëtt an Zukunft nach opgerëscht a kann da bis zu 1.000 Kilometer wäit fléien.

Engem Pronostic vun der Berodungsfirma Morgan Stanley no kéint dee Secteur bis d'Joer 2040 op bis zu 1.500 Milliarden Dollar wuessen. De Michael Cole, CEO vun Hyundai Motors Europe, huet 2021, Autoen, déi fléie kënnen, als Deel vun eiser Zukunft bezeechent.