E Samschdeg ëm Hallefnuecht kascht de Sprit bis zu engem Cent de Liter manner.

De 95er (E10) geet 1,4 Cent de Liter erof op dann 1,685 Euro de Liter. Eng Baisse vun 1 Cent gëtt et beim 98er (E5) Bensinn. Dee kascht vun e Samschdeg un 1,779 Euro de Liter.

Ëm 0,7 Cent geet de Präis vum Liter Diesel op 1,756 Euro de Liter zeréck.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 0,7 Cent de Liter méi bëlleg, de schwiefelaarmen (50ppm) dogéint klëmmt ëm 0,6 Cent.

RTL

© RTL

Iwwerbléck vun de Präisser