Fir d'Membere vun der Fondatioun Etienne Lenoir a fir d'Schüler war et eng Éier an Erausfuerderung, dëse Projet ze realiséieren.

Zanter 2017 hat d'Fondatioun Etienne Lenoir wëlles, dem deemolegem Erfinder Jean-Joseph Etienne Lenoir säi Gas-Motor nozebauen. Dee gouf am 19. Joerhonnert erfonnt an dat vun engem Lëtzebuerger. Esou war et eng Erausfuerderung fir déi passionéiert Memberen, dësen 1:1 am klengsten Detail nozebauen. Esou hu si hiren Projet mam Lycée Belval realiséiert, fir och esou deene Jonken nees Loscht um Handwierk ze maachen.

Et war eng spannend Atmosphär leschte Freideg am Lycée Belval. Zanter Méint, wann net Joren, gouf vill Zäit an d'Recherchen investéiert, fir all eenzelen Detail a Form vun engem Scheema op Pabeier ze hunn. De Motor vum Lëtzebuerger Jean-Joseph Etienne Lenoir ass 1861 erfonnt ginn zu Mussy-la-Ville, wat deemools nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet. De Pol Claude vun der Fondatioun Etienne Lenoir huet selwer mat Hand ugeluecht an der Rekonstruktioun vum Motor an ass elo houfreg, dass e leeft.

D'Iddi, fir de Projet mat enger Schoul ze realiséieren, louch op der Hand, och d'Direktesch Astrid Schuller vum Lycée Belval war begeeschtert, virun allem, well ee bei hinne genee dëse Beruff a vill anerer léiere kann.

D'Motorstécker goufen an den Ateliere vum Lycée produzéiert. Eng Éier also fir d'Membere vun der Fondatioun, esou ee Koloss nozebauen a gläichzäiteg déi Jonk op dëst Handwierk opmierksam ze maachen. A genee dat soll och de Message un déi zukünfteg Generatioune sinn: villes kann ee selwer maachen. A wann een en Handwierk léiert, ass munches da méi einfach.