Den Tesla-Chef huet sech vu 4,4 Milliounen Aktie vu senger Entreprise getrennt an huet elo nach 168 Milliounen Aktien.

Weider Aktieverkeef wieren net geplangt, huet de Musk getwittert.

De Verkaf kéint dozou déngen, déi vum Musk geplangten Iwwernam vun Twitter ze finanzéieren. E Méindeg war bekannt ginn, dass sech Twitter an de Musk op dat Geschäft gëeenegt hätten. Hie soll Twitter deemno fir 44 Milliarden Dollar iwwerhuelen. De Milliardär an aktuell räichste Mann vun der Welt hat erkläert, hie géif bis zu 21 Milliarden Dollar vu sengem eegene Verméigen dofir notzen, an de Recht iwwer Scholde finanzéieren.