Vun e Samschdeg Hallefnuecht u kascht de Sprit nees e gudde Krack méi.

De 95er Bensinn (E10) geet 5,6 Cent erop op dann 1,744 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 6,4 Cent op 1,841 Euro de Liter.

Vun e Samschdeg u kascht och den Diesel méi. Hei klëmmt de Präis ëm 5,9 Cent op 1,841 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 6,1 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,325 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) dogéint klëmmt ëm 6,4 Cent op am Ganzen 1,319 Euro de Liter.

RTL

Iwwerbléck vun de Präisser