Vun en Dënschdeg Hallefnuecht u kascht de Sprit zu Lëtzebuerg nees e bësse méi.

De 95er Bensinn (E10) geet 1,1 Cent erop op dann 1,755 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 0,9 Cent op 1,850 Euro de Liter.

Vun en Dënschdeg u kascht och den Diesel méi. Hei klëmmt de Präis ëm 1,9 Cent op 1,860 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2,5 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,350 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) klëmmt ëm 2,6 Cent op am Ganzen 1,345 Euro de Liter.

RTL

Iwwerbléck vun de Präisser