
Vun en Donneschdeg Hallefnuecht u kascht de Sprit zu Lëtzebuerg liicht manner.
De Präis vum 95er Bensinn (E10) geet 1 Cent erof op dann 1,745 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 1,1 Cent op 1,839 Euro de Liter.
Vun en Donneschdeg u kascht och den Diesel manner. Hei geet de Präis ëm 3,2 Cent erof op 1,828 Euro de Liter.
De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 3,2 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,318 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 3,2 Cent zeréck op am Ganzen 1,313 Euro de Liter.
Iwwerbléck vun de Präisser
Am meeschte gelies