De 95er an 98er Bensinn ginn e Samschdeg ëm Hallefnuecht méi deier, den Diesel dogéint liicht méi bëlleg.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) geet ëm 4,5 Cent an d'Luucht op 1,790 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vu 4,3 Cent op 1,882 Euro de Liter.

Vun e Samschdeg u kascht den Diesel awer nees manner. Hei geet de Präis ëm 1 Cent erof op 1,818 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 1,2 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,306 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 0,8 Cent zeréck op am Ganzen 1,305 Euro de Liter.

RTL

Iwwerbléck vun de Präisser