Dës Woch ass déi 10. Editioun vum AutoOccasiounsFestival. Duerch déi laang Waardezäite bei Nei-Ween ass d'Nofro bei den Occasiounen enorm.

Probleemer an de Liwwerketten an eng enorm Verspéidung an der Produktioun vun Autoen sinn de Grond dofir, dass een laang op säin Auto waarden muss, wann et dann onbedéngt en neie soll sinn. Ma genee dofir gräifen ëmmer méi Leit op Occasiounen zeréck. 2020 goufe ronn 61.600 Occasiounsautoen ugemellt, 2021 waren et der 65.800.

D'Nofro ass deementspriechend enorm geklommen. Gutt Viraussetzungen fir déi 10. Editioun vum AutoOccasiounsFestival, deen vum 10. bis den 15 Mee leeft.

Méi wéi 2.000 Occasiouns-Autoen stinn dem Keefer wärend dem Festival zu Wiel, dat zu exzeptionelle Konditiounen an mat der Sécherheet a Garantie vun professionelle Verkeefer. Iwwert de Weekend fënnt een dann ëm déi 200 Gefierer vun 17 Concessionnairen zu Ettelbréck bei der Däichhal.

Wien denkt Occasiounen wieren ëmmer e gutt Stéck méi bëlleg, ka sech awer ieren. De Präis vun Occasiounsautoen ass iwwert déi lescht Zäit e gutt Stéck an d'Luucht gaangen. "Méi wéi 15 Prozent", zielt eis ee Garagiste. Dat ass awer net, well d'Verkeefer wëlle méi Profit maachen, mee gréisstendeels wéinst der grousser Nofro an och den héijen Präisser vun Nei-Ween. "Den Occasiounsmaart ass am Gaang sech ze veränneren", esou ee Concessionnaire, "an ech si gespaant wéi d'Präisser sech weider entwéckelen".

Wat d'Präferenzen vun de Clienten ugeet, do spigelt sech beim Kaf dat selwecht Bild erëm, wéi dat vun eisen Stroossen. SUVen, deck a kompakt, wéi och héichwäerteg Autoen si besonnesch dacks gefrot. Och d'Nofro un Elektroautoen geet an d'Luucht. "Net enorm, mee Demande un Elektro klëmmt awer", sou den Philippe Mersch, President vun der Fedamo. Soss wat d'Motorisatioun ugeet, geet alles gutt iwwert den Dësch. Egal op Diesel,  Bensinner, Hybrid oder Elektro, d'Clienten sinn sech munchmol sëlwer net sécher an och mol fir alles oppen.