Vun en Donneschdeg Hallefnuecht u kascht de Sprit zu Lëtzebuerg liicht manner.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) geet 0,8 Cent erof op dann 1,782 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 0,9 Cent op 1,873 Euro de Liter.

Vun en Donneschdeg u kascht och den Diesel manner. Hei geet de Präis ëm 5,5 Cent erof op 1,763 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 5,8 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,248 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 5,7 Cent zeréck op am Ganzen 1,248 Euro de Liter.

Iwwerbléck vun de Präisser