Geforepunkten entschäerfen, dat ass net vun Haut op Muer méiglech. Dofir soll awer méi op géigesäitege Respekt gesat ginn.

Kloer ass, et gëtt ëmmer méi Vëlo gefuer, och an der Haaptstad.

E Beispill: De Rond-Point Schumann an der Mëttesstonn. Aus allen Himmels Richtunge kommen d'Cyclisten. Um Wee an d'Schoul oder op d'Aarbecht. Oder ganz einfach fir en Ausfluch an d'Natur. Eleng e Mëttwoch de Moien hat de Compteur am Agang vum Stater Park schonn eng 675 Vëloe gezielt.

Déi Responsabel vun der Haaptstad schwätze vun 170 Kilometer u Vëlosweeër eleng op hirem Territoire. Ma e Vëloswee ass net gläich e Vëloswee. Vum richtege Wee bis zum einfache wäisse Stréch op der Strooss, grad dat suergt fir Kritik.

Op munch Platz fille sech d'Cycliste ganz einfach net sécher. Wei an der Avenue Monterey wou zum Beispill d'Vëloen tëscht Bussen déi parken an enger Busspuer knéchele mussen. E puer Honnert Meter méi wäit an der Avenue Marie-Thérèse deele sech Cyclisten an Autoen d'Strooss, getrennt duerch en einfache Stréch.

De Stater Schëffe fir Mobilitéit an Ëmwelt, Patrick Goldschmidt erkläert, firwat sou Geforepunkten net vun Haut op Muer entschäerft kënne ginn: "Mir wëllen an der Avenue Marie-Thérèse de Vëloswee vum Stroossenniveau op dee vum Trottoir erhéijen. Ma do schaffe mer elo scho mat de Servicer säit Méint drun. Dann ass de Projet fäerdeg, da muss en ausgeschriwwe ginn. Da musse mer op d'Offere waarden. Ass een do deen et och mécht? Wéini? Dann hu mer iwwer e Joer duerno wa mer bis fäerdeg sinn. An ech verstinn, dat d'Leit dobaussen dat net verstinn."

Roum gouf net an engem Dag gebaut. An hei zu Lëtzebuerg ass et kee Geheimnis: Etüden an Ausschreiwungen huelen Zäit an Usproch. De Stater Schëffe versprécht: ''Infrastrukture wäerten an den nächste Joren nach besser ginn, wéi se et Haut sinn.''

Ënnen of am Uelzechtdall gëtt et där Beispiller eent: Tëscht der Dummeldenger Gare a Beggen konnt dat Stéck Vëloswee, wat do iwwer Jore gefeelt huet, elo endlech iwwert de Wanter gebaut ginn. Ee Geforepunkt manner an enger Stad, an där op Verkéiersberouegung gesat gëtt

"Et ass esou, datt mer generell an der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Quartieren eng Politik hunn, datt mer 30er-Zone maachen. An datt an den 30er Zonen normalerweis eng Co-Habilitatioun vu Vëlo an Auto ass, well do och vill méi lues gefuer gëtt", sou de Patrick Goldschmidt.

Déi Cohabitatioun klappt nëmme wann deen ee respektvoll mam aneren ëmgeet. Dat gëllt och fir méi nei Verkéiersmëttel wéi d'Trottinetten. Hei erkläert de Stater Schäffen dat Trottinetten net méi Rechter hunn wéi de Vëlo. Alle Béid gehéieren net op den Trottoir. Ausser et si Kanner an engem niddregen Alter. Da kann den Erwuessenen och mat derbäi sinn.

Trottinetten, déi méi séier wéi 25 Kilometer an der Stonn fueren, däerfen och net op de Vëloswee.

Generell mécht de Patrick Goldschmidt dësen Appell: "Et soll jidder ee Respekt hunn op deen aneren. Well een Ament si mer Vëlosfuerer, den Dag duerno si mer villäicht mam Auto ënnerwee. An dann och eng Kéier ze Fouss. Wann jiddereen op deen anere géif oppassen, dann hätte mer nach e bësse manner Konfliktsituatiounen an der Stad."