Vun e Samschdeg Hallefnuecht u kascht de Bensin nees e gudde Krack méi, den Diesel a Masutt liicht manner.

De 95er Bensinn (E10) geet 2,4 Cent erop op dann 1,806 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 12,1 Cent op 1,994 Euro de Liter.

Vun e Samschdeg u kascht den Diesel dogéint manner. Hei fält de Präis ëm 1,8 Cent op 1,745 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2,3 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,225 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) fält esouguer ëm 3,2 Cent op am Ganzen 1,216 Euro de Liter.

RTL

Iwwerbléck vun de Präisser