Vun en Dënschdeg Hallefnuecht u kascht de Sprit zu Lëtzebuerg nees e gudde Krack méi.

De 95er Bensinn (E10) geet 6,5 Cent erop op dann 1,871 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 3,7 Cent op 2,031 Euro de Liter.

Vun en Dënschdeg u kascht och den Diesel méi. Hei klëmmt de Präis ëm 3,4 Cent op 1,779 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 3,2 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,257 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) klëmmt ëm 3,2 Cent op am Ganzen 1,248 Euro de Liter.

RTL