De 95er an 98er Bensinn ginn en Donneschdeg ëm Hallefnuecht méi deier, den Diesel gëtt dogéint 3,4 Cent méi bëlleg.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 3,1 Cent weider erop op dann 1,902 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 3,0 Cent op 2,061 Euro de Liter.

Vun en Donneschdeg u kascht den Diesel da manner. Hei geet de Präis ëm 3,4 Cent op 1,745 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 3,1 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,226 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 3,1 Cent op am Ganzen 1,217 Euro de Liter erof.

RTL

© RTL Grafik