Ronderëm de Kreesverkéier zu Sandweiler ass den Ament eng lass. Zanter Februar an nach bis an den Hierscht era gëtt hei mat Héichdrock geschafft.

Aus dem Irgäertche gouf jo en Turbo-Rond-point. An där Logik an als Kontinuitéit leeft elo den Ausbau vum Kreesverkéier zu Sandweiler. Eng grouss Ännerung gëtt spéider dëse Bypass. Kënnt een aus dem Irgäertche Richtung Conter, brauch een net méi duerch de Rond-point ze fueren. Domadder erhofft ee sech eng Entlaaschtung am Kreesverkéier. Do dernieft kënnt et awer nach zu Changementer.

Fir de Bypass ze bauen, hunn e puer Beem missen ëmgehae ginn. Aktuell lafen d'Ëmbauaarbechte fir an Direktioun Sandweiler ze fueren. De Gros vun den Aarbechte soll bis Summer ofgeschloss sinn.

Den aktuelle Rond-point gëtt also méi breet gemaach an e Bypass gouf gebaut. Nieft all dësen Aarbechte gi Reseaus- a Kanal-Aarbechten am Kreesverkéier duerchgefouert. Eng Installatioun gëtt och geluecht, sollt d'Decisioun geholl ginn, dësen neien Turbo-Rond-point och iergendwann eng Kéier mat Roude Luuchten ze reegelen.

D'Käschte fir dëse Projet belafe sech op 2,3 Milliounen Euro.