De Präis vum 95er an 98er Bensinn geet e Samschdeg ëm Hallefnuecht ëm iwwer 7 Cent de Liter erof.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 7,5 Cent erof op dann 1,827 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vu 7,5 Cent op 1,986 Euro de Liter.

Vun e Samschdeg u kascht den Diesel 4,1 Cent manner op 1,704 Euro de Liter.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 4 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,186 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 3,6 Cent op am Ganzen 1,181 Euro de Liter erof.

RTL