De Präis vum 95er an 98er Bensinn geet en Dënschdeg ëm Hallefnuecht nees erop.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 2,8 Cent erop op dann 1,855 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vu 3,7 Cent op 2,023 Euro de Liter.

Vun en Dënschdeg u kascht den Diesel 1,7 Cent méi a klëmmt domat op 1,721 Euro de Liter.

De schwiefelfräien Masutt (10 ppm) gëtt 1,6 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,202 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 1,7 Cent op am Ganzen 1,198 Euro de Liter erop.

RTL