Den 98er Bensinn geet en Donneschdeg ëm Hallefnuecht op ënner 2 Euro erof. Diesel a Masutt ginn ëm 0,7 Cent erop.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 3,1 Cent erof op dann 1,824 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 2,5 Cent op 1,998 Euro de Liter.

Vun en Dënschdeg u kascht den Diesel 0,7 Cent méi a geet domat op 1,728 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt och 0,7 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,209 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 0,7 Cent op am Ganzen 1,205 Euro de Liter erop.