"Mir schaffe fir är Mobilitéit vu muer": Mat deem Slogan probéieren d'CFL sech bei hire Clienten derfir ze entschëllegen, dass et vill Chantiere gëtt.

D'CFL hu vun der Päischtvakanz dëser Deeg profitéiert, fir op der Linn tëschent der Stad a Gouvy ze schaffen.

Et goufe Gleiser ersat, Weiche goufen erneiert a ronderëm d'Garen zu Miersch an zu Ettelbréck war de Bagger och am Asaz.

Déi verschidden Aarbechten gëllen anengems als Virbereedung op méi grouss Chantier am Summer.

D'CFL profitéiere vill vun de Vakanze fir um Zuchreseau ze schaffen. Zäiten, an deene probéiert gëtt, esou vill wéi méiglech Chantiere gläichzäiteg ze maachen, seet den Pol Forster, Ingenieur op der Bunn.

"Et ass eben esou, datt mir wëllen, datt de Client sou mann wéi méiglech impaktéiert gëtt an dofir maache mir déi Saachen, wéi elo zum Beispill an der Päischtvakanz, wou statistesch gesinn awer manner Leit den Zuch huelen, wéi ausserhalb vun der Vakanz."

Eng, mä net déi eenzeg Ursaach. Wann eng Linn gespaart ass, fueren Ersatzbussen, an där sti méi zur Verfügung, wa keng Schüler musse gefouert ginn.

" Mir hunn eng limitéiert Zuel vu Bussen, déi bei de Busentreprise sinn a wärend der Schoulzäit ginn déi Bussen alleguer am Schoultrafic an och am RGTR-Trafic agesat. Dofir si mir eigentlech och drop ugewisen, datt mir an de Schoulvakanze schaffen, well dat ass deen Ament, wou déi Busse fräi sinn, fir datt mir kënnen en Ersatztrafic organiséieren."

Besonnesch gutt bitt sech d'Zäit iwwert de Summer fir Chantieren un, seet d'Alessandra Nonnweiler, d'Cheffin vun der Kommunikatioun bei den CFL. Do géif profitéiert ginn, fir méi grouss Aarbechten an Ugrëff ze huelen.

"Wou mer e Gleis ernieren, ganz wichteg den Entretien, d'Modernisatioun. Eng Schinn leet sech net vun engem Dag op deen aneren an do brauche mer eben déi grouss Perioden. Dat heescht fir d'Summervakanz wäerte mer sou zimmlech an all Himmelsrichtungen Strecken zu engem oder deem aneren Ament spären."

An der Lescht ass d'Fro opgeworf ginn, firwat elo grad fir de Marathon d'Zuchstreck tëschent der Stad a Gouvy gespaart ass.

D'Alessandra Nonnweiler äntwert, d'Bunn géif laang am Viraus hir Chantiere plangen, puer Joer am Viraus, an déi Linn ze spären wier virgesi gewiescht, ier gewosst war, datt de Marathon wier.

De Chantier ze verréckelen wier net gaangen, well dat en Impakt op d'Aarbechten am Summer an am Hierscht gehat hätt.