Den Automobilclub hat d'lescht Woch de Professer Hannes Brachat invitéiert, fir iwwert d'Zukunft vun der Mobilitéit ze schwätzen.

Hien huet eng Partie Propose gemaach. Virop misst ee sech dem Professer Hannes Brachat no d'Fro stellen, wéi een de Verkéier reduzéiert kritt:

"En éischte Schratt wier, wa jiddereen 10 Prozent vu sengem Mobilitéitsvolume reduzéiere géif. En zweete Schratt ass d'Digitaliséierung: datt een agi kann, wéi ee vu München op Lëtzebuerg kënnt, mat wéi engem Verkéiersmëttel an dat kombinéiert tëscht ëffentlechen Transport, Individualverkéier a Car-Sharing. Dat ass d'Zukunft."

Zukunft Mobilitéit / Reportage Claudia Kollwelter

Elektroautoe wäerten dem Expert no e massive Sprong an der Technologie maachen. D'Entwécklung vun de Batterië kéimen a wieren och néideg, virun allem wann ee weess, wéi vill Réistoffer aktuell nach gebraucht ginn: "Och d'Batterië gi méi kleng a wäerten ëmmer méi eng grouss Reechwäit kréien."

Et wier awer eng Illusioun ze mengen, datt duerch méi Elektroautoen den Diesel a Bensinn verschwanne wäerten: "Natierlech soe verschidde Marke se géife just nach Elektroautoen ubidden, mee dat wäert net de Fall sinn. Mat der Ukrain gesi mer, datt mer Problemer mat der Pëtrolsversuergung kréien. D'Energiefroe mussen nach beäntwert ginn, zum Beispill wou een de Stroum hier hëlt, wa jiddereen Elektroauto fuere wëll."

Wat aner Technologien, wéi zum Beispill de Waasserstoff, ugeet, wieren dës vill méi opwänneg an awer sollt een och dës net ausschléissen, seet den Hannes Brachat, well och do vläicht nei Entwécklungen an Decouvertë kommen.