De Mobilitéitsminister huet sech en Dënschdeg am Kader vun enger Froestonn an der Chamber op en neits géint eng Helmflicht fir Vëlosfuerer ausgeschwat.

Och bei de Kanner. Etüden hätte gewisen, datt déi meescht Kanner bis 15 Joer souwisou en Helm unhunn. Hei wéilt een dowéinst weider op Opklärung a Sensibiliséierung setzen. Eng Helmflicht kéint kontraproduktiv sinn. Fir de Rescht wier fir d'Sécherheet vun de Cycliste besonnesch d'Infrastruktur relevant, sou de grénge Minister op d'Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener.