"Mir sinn den Ament an engem Wandel. Et gëtt vill Onsécherheet a Froe ronderëm d'Elektromobilitéit", sou den ACL. Dofir setzt een op Opklärung.

De Mëttwochowend huet sech am Tramsschapp alles ëm d'Elektromobilitéit gedréint. Ass Elektro iwwerhaapt eppes fir mech? Wéi lueden ech en op? Wéi laang hält meng Batterie? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi 3 Experte vum ACL op enger ëffentlecher Konferenz kläre wollten. An den Interessi war grouss. Ronn 150 Leit hunn un dëser Opklärungs- a Froeronn deelgeholl.

Lauschtert hei de ganze Reportage

An de Sujet ass aktuell wéi nach ni. Um Mëttwochowend huet eng Majoritéit vum EU-Parlament fir en Enn vum Verkaf vun neie Verbrenner-Autoe vun 2035 un ausgeschwat.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Elektromobilitéit ass den Ament nach net dat Richtegt fir Jiddereen

Elektromobilitéit gëtt den Ament immens gepusht. D'Regierung wëll den Elektroauto mat Primme méi attraktiv maachen an och an de Garagë gëtt mam neisten Elektro-Modell vill Pub gemaach.  Haaptsaach Elektro. Wat de Leit hei awer net ëmmer gesot gëtt, ass dass hire Fuerstil an déi gefueren Distanz, wéi och d'Ëmstänn bei hinnen doheem net onbedéngt mat engem Elektroauto kompatibel sinn.

Eng Iddi wéi ee Moteur am beschte bei ee selwer passt, kann ee mat dësem Test vun der ACL kréien. Hei kritt een da mat e puer Klicks Erklärungen, wisou wéi ee Moteur dee beschte fir de perséinlech Fuerstil ass. Fiert ee vill Kilometer an ass gäre mol méi zackeg ënnerwee, ass de Bensinner oder den Diesel besser. Ma fiert een nëmmen e puer Kilometer den Dag an dat haaptsächlech duerch d'Stad an et huet een d'Méiglechkeet, säin Auto bei sech Doheem opzelueden, dann ass ee mat engem Elektro gutt beroden.

RTL

© acl.lu

De Profil vum Fuerer ass also dat, wat bei der Uschafung vun engem neien Auto dat wichtegst ass.

Och Hybrid- an Elektroautoen hunn hir Vir- an Nodeeler.

Den ACL huet fir déi verschidden elektresch Motorisatiounen eng Partie Argumenter zesummegedroen.

Iwwerleet ee sech e klasseschen Hybrid unzeschafen, gëllt et Folgendes ze bedenken:
Virdeeler:

  • Autonoomt Opluede vun der Batterie (ouni Kabel)
  • 25 bis 30 Prozent manner CO2-Emissiounen
  • net esou deier wéi en Elektroauto

Nodeeler:

  • Geréng Beschleunegungsleeschtung
  • net vill Choix u Modeller

Beim Plug-In-Hybrid gëtt et méi Vir- an Nodeeler.
Virdeeler:

  • Autonomie (elektresch + thermesch) méi héich wéi bei Elektroauto
  • Choix tëscht verschidde Modi
  • Flexibilitéit, ass d'Batterie eidel, kann een ëmmer nach op de Verbrenner zeréckgräifen
  • Wann d'Batterie gelueden ass: geréng CO2-Emissiounen a wéineg Verbrauch
  • Batterie muss manner laang lueden

Nodeeler:

  • Immens deier vis à vis vun engem Verbrenner
  • dacks opluede wéinst niddreger Leeschtung
  • Immens héije Verbrauch, wann d'Batterie eidel ass
  • Gefier méi schwéier wéi e Verbrenner

Och beim Elektroauto gëtt et munches ze wëssen.
Virdeeler:

  • Keng lokal CO2- oder Schuedstoffemissiounen
  • Kee Kaméidi, keng Vibratioune beim Fueren
  • héich-effizient am urbane Verkéier
  • Stroum aktuell méi bëlleg wéi Tanken

Nodeeler:

  • Immens deier vis à vis vun engem Verbrenner
  • Gefier méi schwéier wéi e Verbrenner
  • Batterie séier eidel, wann een op der Autobunn fiert
  • bis zu 30 Prozent manner Autonomie bei ganz nidderegen Temperaturen
  • Batterie oplueden dauert däitlech méi laang wéi tanken
  • Manner Bornen wéi Tankstellen

Vill Informatioune ronderëm d'Batterie vun Elektroautoen

D'Batterie ass quasi dat wichtegst Element vum Elektroauto a mécht ronn 40 Prozent vum Kafpräis aus. Den Akafspräis vun engem Elektroauto ass zwar aktuell nach däitlech méi héich, wéi dee vun engem Verbrenner, dofir kann den Entretien awer méi bëlleg ginn. Den Elektroauto huet nämlech vill manner Haaptelementer. Kloer, wann e Problem un der Batterie ass, da muss duerno gekuckt ginn. Ma bei Autoe mat Verbrennungsmotor ginn et awer nach vill méi Elementer, déi ofnotzen a reegelméisseg mussen ausgetosch oder reparéiert ginn. Sou ass den Elektro an der Uschafung zwar méi deier, den Entretien am Duerchschnëtt awer méi bëlleg.

Wat d'Batterie ugeet, kann een och selwer hëllefen, d'Liewenszäit heivunner ze verlängeren. D'Lithiumbatterie hält nämlech méi laang, wann een den Auto reegelméisseg opluet a fiert. Sou soll een d'Batterie net ganz eidel fueren, awer och net permanent bis op de Maximum oplueden. Och d'Opluede mat de SuperChary-Bornë soll keng Reegelméissegkeet ginn. Dës Bornen erméiglechen et zwar, den Auto vill méi séier opzelueden, ma dat schuet op laang Dauer awer der Batterie a verkierzt sou hir d'Liewenszäit.

Dacks gëtt argumentéiert, Elektroautoe wiere guer net esou ëmweltfrëndlech wéi versprach, well eleng d'Produktioun vun de Lithiumbatterien immens vill CO2-Emissioune mat sech bréngt. Dat selwecht gëllt fir d'Recycléiere vun de Batterien, nodeems se am Auto net méi brauchbar sinn. Ma dat ass net ganz falsch. Et ass richteg, dass d'Hierstellung an de Recyclage vun de Batterien net immens gréng ass, mee dat gëtt awer ëmmer besser, sou den Antonio da Palma Ferramacho vum ACL. Wat sech d'Elektromobilitéit méi entwéckelt, wat och dës Punkten ëmmer méi nohalteg kënne ginn.

Ëmmer méi Bornen, awer nach net genuch.

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg e puer Honnert ëffentlech normal Bornen (Chargy), wou ee säin Auto géint Bezuelung opluede kann. Et sinn awer nach 800 weider Borne geplangt, sou den ACL. Dobäi kommen aktuell 8 Superchargy-Bornen. An Zukunft sollen där awer nach dobäi kommen.

Wëll ee sech e voll-elektreschen Auto kafen, réit den ACL de Leit, den Auto och doheem kënnen opzelueden. Heivir kann een doheem eng Borne installéiere loossen. Esou dauert d'Oplueden definitiv manner laang. Et gëtt awer d'Méiglechkeet, den Auto mat engem Kabel un eng normal Steckdous unzestiechen. Hei ass awer ze bedenken, dass d'Lueden däitlech méi laang dauere wäert.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Kaf oder Leasing?

Vue dass d'Elektromobilitéit nach relativ nei ass, gouf et bei enger Partie Leit och Zweiwel, ob et de richtege Moment ass, elo an en Elektroauto ze investéieren, wann dësen an 2-3 Joer scho rëm souvill Fortschrëtter kéint gemaach hunn. Ma dës Zweiwel kann een och beim ACL novollzéien. Wéilt een den Ament net esou e Risiko agoen, kéint een zum Beispill op de Leasing vun engem Elektroauto setzen. Dat wier fir dës Zäit vun Transitioun eng alternativ Méiglechkeet. Sou proposéiert den ACL elo och den Electrolease.