An der Moyenne vu ganz Däitschland louch den Diesel en Donneschdeg de Moie bei engem Präis vun 2,004 Euro de Liter.

Den Diesel ass bei eisen Noperen domadder nees bal esou deier, wéi e virun der Steierhëllef vun der Bundesregierung war, esou d'Portal "Mehr Tanken". De Präis vum E10 (95er) stagnéiert dobäi bei eisen Noperen, hei muss een am Schnëtt 1,948 Euro de Liter bezuelen.

Am Verglach mat Lëtzebuerg kascht bei eis den Diesel aktuell 1,956 Euro de Liter an ass domadder knapp 5 Cent op de Liter méi bëlleg, wéi bei eisen däitschen Noperen. De 95er kascht hei 1,979 Euro de Liter an ass domadder ronn 3 Cent méi deier, wéi d'Moyenne op den däitsche Pompelen.