De Mobilitéitsminister wëllt déi Fro a senger Äntwert net mat Jo beäntweren.

Ass den Tram an de Spëtzestonne komplett iwwerfëllt? Déi Fro huet den DP-Deputéierte Max Hahn dem Mobilitéitsminister François Bausch gestallt.

De grénge Politiker wëll déi Ausso net confirméieren. Et kéint awer sinn, datt a verschiddene Momenter am Dag, a besonnesch op der Gare, wa méi Zich zur gläicher Zäit ukommen, een Tram voll ass. Da misst ee 4 Minutten op den nächsten Tram waarden. Dernieft hätt een d’Méiglechkeet, punktuell op een 3-Minuttentakt eropzegoen. Laangfristeg kéinten och méi laang Gefierer agesat ginn.

Am Moment transportéiert Luxtram ongeféier 70.000 Persounen den Dag.